© Kontaktadress: Schanzer Fëscherfrënn - Weyland Néckel          &          ASV 1968 Nennig e.V. - Schmitt Frank Aktualiséiert den 17.02.2012 E puer Wuert vum President! Den 1. Abrëll 1996 hunn e puer Fëscherfrënn, an zwar den heitëgen President an Caissier WEYLAND Néckel,  den   Vize-President KLEPPER Jang an de Sekretär NEUMANN René, en zirka 4 Hektar groussen Weier zu  Nenneg gepacht an d’Schanzer Fëscherfrënn gegrënnt. Schons den 1. July 1999 hunn d’Schanzer Fëscherfrënn mam ASV Nennig e.V. (Angelsportverein  Nennig/Saarland) fusionéiert a befëschen matt 125 Member dëst Gewässer.  Den Zweck vun dësem Klub ass deen, d’Fräizäitfëschen an alle Formen ze fleegen, sou wéi e gesellecht an  komerodschaftlecht Zesummesinn an dësem eemolegen, schéinen an intakte Fleck Natur, ze förderen an  oprechtzeerhaalen! Fir déi immens Käschten ze decken, déi esou eng Fëscherei a punkto Ënnerhalt, Fëschbesaz asw.,mat sech bréngt, organiséieren  mir all Joër verschidden Fester, wou selbstverständlëch all Member an och Nët-Member häerzlëchst invitéiert sinn, wéi z.B.: de Verkaaf vu gebaake Fësch, Kaarfreideg op der Schanz, Friture- a Scampisfest am Summer op der Schanz,   d’Hierschtfest Enn Oktober zu Nenneg, wou mir zesummen mat eisen däitschen Frënn Wëllschwäinragout zervéieren,  eisen traditionellen Hierkenowend Enn dës Joër op der Schanz,  d’Organiséieren vun verschidden Fëschen , verdeelt iwwer d’ganzt Joër um Weier,  wéi z.B. e Routafëschen, en Nuetsfëschen, en Hiechtfëschen 3 bis 4mol am Joër e Frellenfëschen zu Bauschëlt um Weier. N.b.- bei all dësen Fëschen sinn och Nët-Member häerzlech wëllkomm. Ech soën all eise Member, Frënn, Gënner an zemools eisen Sponsoren e ganz groussen Merci ! Mat komerodschaftlechen a frëndschaftlechen Fëschergréiss, - WEYLAND Néckel -   President a Caissier